Generation Art by RTL

TV Show

Samschdes den 28. Januar geet et lass mat enger 3. a ganz neier Saison vun Generation Art. Des Kéier steet alles am Zeeche vun der Fotografie.


Samschdes den 28. Januar geet et lass mat enger 3. a ganz neier Saison vun Generation Art. Des Kéier steet alles am Zeeche vun der Fotografie.

12 Kandidaten weise wat se drop hunn. Jugéiert gi si vun enger porfessionneller Jury: D'Marita Ruiter (Galeristin), Daniela Del Fabbro (CNA) an Didier Damiani (Konschtkritiker). En Lëtzebuerger Fotograf kënnt all Woch d'Jury kompletéieren an all Woch verléisst och ee Kandidat d’Aventure Generation Art.

Zum Schluss bleiwen 3 Finalisten! Den 8. Abrëll gëtt dann live bei der grousser Finale, an de Rotondes, den Haaptgewënner gewielt.

generationart.rtl.lu